Mail - a wat ass dat dann elo schons erem?
Majo, wéi's de secherlech elo schons richteg gerooden hues, ass dat en Service vun TUX.lu fir all seng Memberen déi drun interesséiert sinn. Mail beinhaltet folgend Saachen:
- Du kriss ee Mailaccount ennert der Form "däin_Numm@tux.lu".
- Deng Mailen kanns de bequem via POP Accès erooflueden. (IMAP op Demande!)
- Du kanns deng Mailen och direkt via SMTP verschécken. (POP-before-SMTP, Verzögerung = 3 Minuten!)
- Bass du emol sossanzwousch, kanns de deng Mailen via en Webinterface liese goen.
- Du kanns och astellen dat deng Mailen automatesch op eng oder mäi Forwardadressen weiderverscheckt ginn.
- All Mailen déi erakommen, ginn op SPAM an op VIREN ennersicht an Noutfalls guer net duerchgeloos.
Fir elo esou eng Email-Adress @tux.lu ze kréien, muss de mer einfach eng Umeldungsmail schécken wou's de mer däin Numm, deng Adress, Telefonsnummer an däin "däin_Numm" dra schreifs schécken. Esoubaal's du dann däi Membersbetrag bezuelt hues (dat regele mir iwwert Mail), kriss du deng Zougansdaten gescheckt. |