TUX.lu a.s.b.l.
www.tux.lu

TUX.lu
 Home
 Comité
 Groupe Formateurs
 Membersäiten
 Statuten
 Impressum

Services
 Mail
 Server Config
 Informatiks Cour'en
 Umelldung fir e Cour

Mail
 Mail-Config
 Web-Mail
 SPAM-Config

Links
 LiLux
 MCCL
 Skolelinux
 Hackerspace
 Interessantes

News Läschten Update 14.10.2010  
  • 13 Oktober 2010
    Update vum Webmail op déi läscht Versioun. Ausserdeem as den Vacation-Plugin och kontrolléiert an ugepasst ginn a misst elo och proper laafen.
  • 23 März 2010
    Duerch eng bis elo nach ongeklärten Ursach as geschter Metteg den Anti-SPAM Deel vum Mailserver ausgefall. Doduerch as et zu engem Mailstau komm an et si keng Mailen méi vum Mailserver weidegescheckt ginn. De Problem as elo behuewen an de Mailserver as elo beschäftegt déi gestaute Mailen ze verdeelen. Duerch desen Teschefall as keng eenzeg Mail verluergaangen mee, am schlemmste Fall, mat 24 Stonne Verspéidung duerchgestallt ginn.
  • 20 März 2010
    Mir bdeelegen eis mat 3 Leit op der Grousser Botz an der Gemeng Jonglënster.
  • 17 März 2010
    Et kann een och elo säi Passwuert via de Webmail änneren.
  • 07 März 2010
    Haut as den Webmail "RoundCube" duerch déi neiste Versioun erstaat ginn. Ausserdeem erlaabt de Mailserver et elo en Vakanzemessage ze schallten, deen een elo och per Webmail configuréieren kann.
  • 29 Juni 2009
    Deen alle Webmail Interface "Squirrelmail" ass duerch dee méi schéinen a modernen "RoundCube" ersaat ginn. Noutgedronken hunn ech och missen en onfräiwellegen Update vum Apache Webserver op d'Version 2 maachen...
  • 17 Abrëll 2009
    TUX.lu huet en neie Formateur. Domatter wiere mir dann elo am ganzen zu 4 ;-)
  • 28 November 2008
    Ab haut ass TUX.lu net méi fir d'Maintenance an der InternetStuff Jonglëster zoustönneg. Des Aufgab gouf vun der Gemeng dem CIGR Syrdall iwwerdroen.
  • 20 November 2008
    Mir sinn am gaangen eist Informatiounsblat mat de Cour'en vu Jonglënster ze prepareéieren. Dir fand dat demno geschwenn op dëser Plaatz...
  • 20 Oktober 2008
    Säit dem heitegen Dag iwwerhellt TUX.lu d'Aufgaben vum MCCL an der Gemeng Jonglënster.
  • 4 August 2008
    Update vun PHP4 op PHP5 => Et ka sinn, datt et Problemer ginn. Bis elo konnt ech awer nach keng feststellen ...
  • 2 August 2008
    Entre-temps hu mir nach e puer Membere bäikritt. Alles leeft ouni weider grouss Problemer.
  • 24 Januar 2007
    Enregistrement - TUX.lu gouf offiziel um RCS registréiert.
  • 23 Januar 2007
    Assembleé constituante - mir hunn TUX.lu a.s.b.l. gegrennt.
  • 12 Januar 2007
    Wann ech näischt vergiess hunn, misst d'Migratioun elo esouwäit gemaach sinn. Se war wäitgehend transparent fir jiddereen ;-)
  • 9 Januar 2007
    Mir hunn elo en dedicated Server kritt. Haut sinn déi éischt Servicer migréiert ginn.
Print page ... Print